Ee Jardinier-Paysagiste an een Dirigent, déi zesummen ee Concert leeden? Dat ass dat neit Konzept vum Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL), wat den 21. Oktober am Cercle Cité an der Stad direkt zweemol seng Première erlieft.
Fir de franséische Jardinier-Paysagiste Pascal Garbe ass d'Natur net nëmmen eng Passioun mee och seng Aarbecht. Hie kreéiert a verschéinert Gäert ronderëm d'ganz Welt. Säin Zil dobäi ass et, de Leit e Laachen an d'Gesiicht ze zauberen. An dat soll och beim Concert am Cercle Cité sou sinn.
De britteschen Dirigent Joolz Gale fënnt fir seng Concerten och vill Inspiratioun an der Natur. Opgewuess ass hien an engem klengen Duerf an de brittesche Cotswolds. Eng ganz charmant Géigend ronn zwou Stonne vu London, déi voller aler Cottage-Haiser, ale Kierchen an idylleschen Naturlandschaften ass.