D'Solistes Européens Luxembourg spillen den 20. Oktober e Concert ënner dem Titel Aus Nördlichen Gefilden am grousse Sall vun der Philharmonie, zësumme mam Cellist Benjamin Kruithof. Um Programm steet niewend Wierker vum Camille Saint Saëns a vum Felix Mendelssohn Bartholdy eng Kompositioun vum Christophe Mirkes, dee niewend senger Tätegkeet als Museksjournalist beim Opus och Geiist a Komponist ass. Seng Kompositioun Die Mooswald Suite, eng Commande vum Kulturministère, gëtt deen Owend uropgefouert.
D'Marie Trussart huet sech mam Christophe Mirkes iwwer d'Kompositioun ënnerhalen, hien huet ënner anerem erkläert wat seng Inspiratioun war a wéi et dozou koum datt hien eng Commande vum Ministère krut.