Sonndeg, den 12. Oktober, fänkt zu Clierf an der Abtei d’Serie Les Dimanches du Chant Grégorien un. Déi Concerte ginn a Collaboratioun mam Cube521 vu Maarnech organsiéiert. Geplangt sinn dräi Concerten, opgedeelt op déi dräi nächst Sonndeger.
De Vokalensembel Flores Myrtae mat 7 Fraestëmmen trëtt den 12. Oktober um éischte Concert op. De Sonndeg duerno séngt dann d’Schola aus der Clierfer Abtei an um leschten Optrëtt vun der Serie erkléngen d’Stëmme vun der Schola Gregoriana Bratislavensis mat deelweis slowakeschem Repertoire.
Méi en detailléierten Abléck an den éischte Concert gëtt et mat der Anna Žáková, der Grënnerin vum Ensembel Flores Myrtae.