Jonk Museker brauchen international Kontakter fir eng Karriär kënnen opzebauen. Dobäi kënne Programmer wéi de Focus Musique Classique vu Kultur | lx hëllefen.
D’Chargée de Mission Clémence Creff erkläert, wéi d’Ënnerstëtzung vu Kultur | lx konkreet ausgesäit: Um Echter’Classic Festival geet et dorëms, fir mat Showcasen déi jonk Lëtzebuerger Museker:innen internationale Vertrieder:inne vun der Industrie ze presentéieren.