Déi Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz huet zesumme mat der englescher Kënschtlerin SL Grange d'Soundwalk-Rei “Wou d'Uelzecht” konzipéiert. D'Konzept ass den onsiichtbare Patrimoine vun de Stied erëm sichtbar maachen. An zwar a Form vun enger immersiver Klangrees.
Unhand vu Soundcollagen, Kompositiounen, Gedichter an Erzielungen entdeckt ee Geschichten iwwer d'Uelzecht an iwwer déi Mënschen, déi laanscht d’Uelzecht gelieft hunn.
No enger Versioun zu Esch-Uelzecht an am Gronn an der Stad gëtt et elo eng Versioun zu Miersch an zu Ettelbréck. Den 3. Oktober kann een zesumme mat deenen zwou Kënschtlerinnen déi Mierscher Versioun entdecken, de 4. déi Ettelbrécker.