Zwee vun den aktuell bekanntste Lëtzebuerger Pianisten trieden den Donneschden den Owend (02.10.) zesummen an der Philharmonie op: d’Cathy Krier an de Jean Muller. Et wäert och fir d’éischt sinn, datt een déi zwee Pianisten als véier-hännegen Duo op engem Piano héiert.
Iwwer de Programm mam Titel “Steinway History in Concert” gëtt d’Entwécklung vun der Pianosmark opinsgesamt dräi verschidde Pianoe klanglech representéiert. Dorënner eng Nobildungvum éischte Steinway-Fligel an och deen, op deem den Franz Liszt gespillt huet.
Op der Affiche sti Wierker vu Schubert bis Ligeti.