Am Kader vum Festival Musique dans la Vallée, bei deem et Concerten an der Belsch an zu Lëtzebuerg ginn, gëtt de 27. September en Optrëtt an der Kierch zu Biebereg (Bettborn) organiséiert. Optriede wäert den Orchestre de la Fondation Baron Arthur Grumiaux, ënner der Direktioun vum Luc Dewez. Um Programm stinn dräi Wierker vun dräi verschiddene Komponisten (Respighi, Schumann an Dvorak) a Solistin ass d’Cellistin Stéphanie Huang. Si ass ee vun de Laureaten vum Concours Reine Elisabeth am Joer 2022. Mat dobäi beim Concert ass och nach d’Mezzo-Sopranistin Cécile Lastchenko.
De Concert gëtt och vum Opus opgeholl an zu engem spéideren Zäitpunkt um Opus diffuséiert.