D’Maîtrise Sainte-Cécile vun der Stater Kathedral hat mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère e Concours fir eng nei Motett lancéiert. De laténgeschen Text war virginn: Domine, salvum fac magnum ducem nostrum Guillelmum - op Lëtzebuergesch iwwersat heescht dat souvill wéi “Här, beschütz eise Grand-Duc Guillaume”.
9 Komponisten haten zënter der Ausschreiwung am Juli eng Motett agereecht an de Gewënner ass de Roland Wiltgen.