"Marche Grand-Duc Guillaume" - esou soll deen neie Marsch heeschen an de Choix ass op d'Kompositioun vum Georges Sadeler gefall.
Am Hibléck op den Trounwiessel am Oktober hunn d’Frënn vun der Militärmusek mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère e Kompositiounsconcours fir en neie Marsch zu Éiere vum zukünftege Groussherzog Guillaume organiséiert. Eragereecht goufen insgesamt 11 Kompositiounen, vun deenen sech der 7 fir déi grouss Finall de Freideg Owend zu Hesper am CELO qualifizéiert haten.
De Lieutenant Jean Thill verzielt, wéi d'Stëmmung an d'Musek an der Finall war.