D'Saison 25/26 bréngt wéi gewinnt vill verschidde kënschtleresch Projeten op d'Bün. Am Fokus sti Lëtzebuerger Produktiounen, Theaterstécker an aner Bünewierker. Den Direkter Claude Mangen huet awer och betount, datt et wichteg ass Projeten aus der Stad Miersch mat ze ënnerstëtzen.
Nieft all dëse Programmatioune sinn och eng ganz Rei Concerte geplangt, wéi zum Beispill déi mëttlerweil traditionell Optrëtter vum ONJ (Orchestre National des Jeunes du Luxembourg).