Mat engem variéierte Programm vun ënnerschiddleche Kompositiounen aus der Welt vun der Filmmusek huet d’Lëtzebuerger Musique Militaire Grand-Ducale d’Saison 2026/27 vum Artikuss zu Zolwer agelaut. John Williams, Arnold David, Ron Goodwin - dëst sinn nëmmen e puer Nimm vu bekannte Filmmusekkomponisten aus dem leschte Joerhonnert, déi zum Deel och nach haut aktiv sinn. Sief et fir d’Filmmusek vun Indiana Jones, E.T., Harry Potter oder och James Bond - dës Nimm sti bis haut mat fir den Erfolleg vun deene Produktiounen.
D’Militärmusek ënner der Baguette vum Lt.-Col. Jean-Claude Braun presentéiert nieft dëse Klassiker awer och eng Uropféierung vum Lëtzebuerger Komponist Walter Civitareale. Dëst Stéck huet hien zwar virun 30 Joer scho geschriwwen, mee elo nei fir e sinfonesche Blosorchester arrangéiert. Besonnesch ass hei, datt dem Komponist säi Brudder, de Felice Civitareale, de Solo-Part op der Trompett iwwerhëlt. Dediéiert ass dëst Wierk engem anere groussen Trompettist aus der Jazz-Zeen: dem Louis Armstrong.
Och aus den eegene Reie vum Orchester ginn et bei dësem Concert e puer Solisten ze héieren.
Dëse Concert gouf den 26. September 2026 opgeholl. Nolauschtere kënnt dir de Matschnëtt nach bis de 25. Dezember an eiser Mediathéik.
Programm:
John Williams (*1932): March, aus dem Film 'Superman' (arr. Paul Lavender)
Walter Civitareale (*1954): Jubilee Suite for Solo Trumpet and Symphonic Band – Hommage à Louis Armstrong
Arnold David (*1962): Independance Day (arr. Tom Van Grevenbroek)
John Williams (*1932): Escapades, aus dem Film 'Catch me if you can'
Ron Goodwin (1925-2003): Those Magnificent Airmen (arr. Mac Taggat Larry)
Interpreten:
Felice Civitareale (Trompett)
Jessica Quintus (Saxophon)
Marc Harles (Kontrabass)
Laurent Warnier (Vibraphon)
Musique Militaire Grand-Ducale
Lt.-Col. Jean-Claude Braun (Dir.)