Haut héiere mir zwee Komponisten, déi sech an hiren instrumentale Kompositiounen un der mënschlecher Stëmm orientéiert hunn: de Frédéric Chopin an de Franz Schubert. Als Solistin am Chopin sengem 2. Pianosconcerto héiere mir déi jonk Pianistin Jeneba Kanneh-Mason. Si ass déi drëtt vun de bekannte Kanneh-Mason-Geschwëster, déi de Wee vun enger Solo-Karriär geet. Als lescht Stéck steet dem Schubert seng 9. Sinfonie, och „Die Große“ genannt, um Programm. Dëst ass déi lescht Sinfonie, déi de Schubert fäerdeg geschriwwen huet. Mir héieren eng Interpretatioun vum Gabriel Bebeșelea mam George Enescu Philharmonic Orchestra, eng vun de wichtegste musikaleschen Institutiounen a Rumänien.
Programm:
Frédéric Chopin (1810-1849): Concerto fir Piano No.2 a Fa mineur, Op. 21
Frédéric Chopin (1810-1849): Etude No.3 a Mi Majeur, Op. 10 ("Tristesse")
Franz Schubert (1797-1828): Sinfonie No.9 an Do Majeur, D 944 ("Freat")
Interpreten:
Jeneba Kanneh-Mason (Piano)
George Enescu Philharmonic Orchestra
Gabriel Bebeșelea (Dir.)