Bei der Finall vum 5. Internationale Gittareconcours an der Philharmonie hu sech véier aussergewéinlech Talenter aus Mexiko, dem Iran, der Ukrain a China enger Jury presentéiert. An dëser Emissioun héiert Dir de Concert mat Wierker vu Bach, Turina, Rodrigo, Coste a villen aneren.
Wien huet de Jury iwwerzeegt a wien huet de Publikumspräis gewonnen? D'Äntwert gëtt et um Schluss vum Concert!
Dëse Concert gouf de 17. Mee 2026 am Kammermusekssall vun der Philharmonie opgeholl an dës Opnam ass nach bis den 18. August an der Opus-Mediathéik disponibel.
Programm:
Julio Robles
Napoléon Coste (1805-1883): Les Soirées d'Auteuil, Op. 23
Dušan Bogdanović (*1955): Sonat Nr. 3
Joaquín Rodrigo (1901-1999): Toccata
Amir Hossein Sheybani
Joaquín Turina (1882-1949): Sonat, Op. 61
Johann Sebastian Bach (1685-1750): Toccata a Mi Mineur, BWV 914
Stanislav Steshenko
Silvius Leopold Weiss (1687-1750): Suite Nr. 6 a Ré Mineur
Joaquín Turina (1882-1949): Sonat, Op. 61
Felix Mendelssohn (1809-1847): Lieder ohne Worte, Op. 67, Nr. 2
Miguel Llobet (1878-1938): Variaciones sobre un tema de Sor, Op. 15
Yuheng Zhou
Joaquín Rodrigo (1901-1999): Sonata Giocosa
Flores Chaviano (*1946): Evocación y Boceto
Giulio Regondi (1822-1872): Air varié de l'opéra de Bellini, Op. 22
Presentéiert vum Sophie Urhausen