Den Deutsche Symphonieorchester Berlin presentéiert ënner der Leedung vun der Koreanerin Eun Sun Kim Symphonik a villerlee faszinéierender Gestalt. Den Optakt mécht eng Sinfonia Concertante, déi dem Mozart zougeschriwwe gëtt. Doropshin héiere mir eng Raritéit – d'"Short Symphony" vum Amerikaner Howard Swanson (1907-1978) – an och déi monumental 1. Sinfonie vum Johannes Brahms.
Programm:
Howard Swanson (1907-1978): Short Symphony
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791)/ arr. Robert Levin: Sinfonia Concertante a Mi Bémol Majeur, KV 297b
Johannes Brahms (1833-1897): Sinfonie Nr. 1 an Do Mineur, Op. 68
Interpreten:
Deutsches Symphonieorchester Berlin
Eun Sun Kim (Dir.)
Solisten a Solistinnen: Kornelia Brandkamp (Querflütt), Viola Wilmsen (Hautbois), Bora Demir (Cor), Jörg Petersen (Fagott)