Dräi grouss Nimm aus der Romantik, hir Heemecht war net Däitschland, Frankräich oder Italien, mee d'Peripherie vun der europäescher Musekskultur, Finnland, Böhmen/Tschechien a Russland: de Jean Sibelius, den Antonín Dvořák an de Pjotr Tschaikowski. Hir Musek ass ronderëm d'Welt gaangen an huet mat neie Klangfaarwen an opulentem Orchestersound begeeschtert.
An dësem Concert ginn e puer vun hire bekanntste Wierker interpretéiert vum Orchester vum ungaresche Radio ënner der Leedung vun der bulgarescher Dirigentin Delyana Lazarova. D'Solistin beim Dvořák sengem bekannte Geieconcerto ass d'Lilia Pocitari, Gewënnerin vun dem internationale Bartók-Concours.
Programm:
Jean Sibelius (1865-1957): Finlandia, Op. 26
Antonín Dvořák (1841-1904): Concerto fir Gei a La Mineur, Op. 53
George Enescu (1881-1955): The Fiddler, aus 'Childhood Impressions Op. 28
Pjotr Tschaikowski (1840-1893): Sinfonie Nr. 4 a Fa Mineur, Op. 36
Interpreten:
Lilia Pocitari, Gei
Hungarian Radio Symphony Orchestra
Delyana Lazarova, Direktioun