Mozart - dat ass een Numm, dee jidderee kennt, an dee mat ville Legende verbonnen ass. Mee wie war hie wierklech? Am Laf vun der Zäit gouf hien als Wonnerkand oder als Fléipéiter, als Genie oder als Raudi duergestallt. Fir him méi no ze kommen, bleift eis awer nëmmen eent: senger Musek nolauschteren.
D'Sopranistin Julia Lezhneva an den Orchestre de Chambre de Lausanne presentéieren dofir ee Concert mat 100 Prozent Mozart-Programm. Ënner der Leedung vum Ton Koopman huele si eis mat op verschidde Statiounen am Liewe vum Wolfgang Amadeus Mozart.
Programm:
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Ouverture, aus “Die Zauberflöte”, K. 620
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Exsultate, jubilate, K. 165 (158a)
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Serenade Nr. 6 a Ré Majeur, K. 239 "Serenata notturna"
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Voi avete un cor fedele, K. 217
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Sinfonie Nr. 38 a Ré Majeur, K. 504 "Prague"
Interpreten:
Julia Lezhneva, Sopran
Orchestre de Chambre de Lausanne
Ton Koopman, Direktioun
Dëse Concert gouf de 5. November 2025 am Théâtre de Beaulieu zu Lausanne opgeholl. D'Opnam ass bis de 24. Juli 2026 an der Mediathéik disponibel.