Mir schreiwen d’Joer 1901 – d'Queen Viktoria stierft no enger 63-järeger Herrschaft, den éischte Friddensnobelpräis gëtt iwwerreecht an de Rachmaninow schreift säin 2. Pianosconcerto, deen déi westlech a virun allem déi amerikanesch Musekswelt staark beaflosst.
Dëse Pianosconcerto lauschtere mir eis un, gespillt vum italieeneschen RAI National Symphony Orchestra an der weltbekannter Pianistin Lilya Zilberstein. Nieft dem Rachmaninow stinn och déi grouss amerikanesch Komponiste Gershwin a Bernstein am Mëttelpunkt, déi eis vun der italieenescher Toskana direkt op de Broadway vum 20. Joerhonnert versetzen.
Dëse Matschnëtt gëtt presentéiert vum Tanja Duprez. Dir kënnt d’Emissioun nach bis den 22. Juli hei an der Mediathéik lauschteren.
Programm:
Sergei Rachmaninow (1873-1943): Concerto fir Piano Nr. 2 an Do Mineur, Op. 18
George Gershwin (1898-1937): Cuban Overture
Leonard Bernstein (1918-1990): Symphonic Dances, aus West Side Story
Interpreten:
Lilya Zilberstein, Piano
RAI National Symphony Orchestra
James Conlon, Direktioun