Fir den 30. Anniversaire vum Martin Elmquist als Dirigent vum Luxembourg Philharmonia ze feieren, huet den Amateur-Orchester e ganz variéierte Programm mat Wierker vum Claude Debussy, Manuel de Falla a Carl Nielsen zesummegestallt.
Den Ufank vun dësem Concert mécht ee Wierk, dat wuel wéi keen anert zu senger Zäit fir e Wendepunkt an der Museksgeschicht steet: mat sengem "Prélude à l'après-midi d'un faune" huet de Claude Debussy 1894 d'Diere fir eng nei klanglech Welt grouss opgemaach.
Dëst huet net nëmme fir hie selwer de groussen Duerchbroch bedeit. Vill aner Komponiste mat ganz ënnerschiddlechen Originne sollte sech spéider un him inspiréieren.
Dorënner och den zweete Komponist vun dësem Owend, de Spuenier Manuel de Falla. A sengem sinfonesch dicht besate Stéck "Noches en los jardines de España" fir Piano an Orchester, léisst hie souzesoen déi verdreemte schwiewend Klangfaarwe vum Impressionismus mat deenen him iwwermëttelte musikaleschen Traditiounen aus dem spuenesche Folklor verschmëlzen. Eng Symbios vun zwou ganz ënnerschiddleche Klangwelten, déi d'Instrument vum Piano an all senge Facetten an de Fokus stellt.
Programm:
Claude Debussy (1862-1918): Prélude à l'après-midi d'un faune
Manuel de Falla (1876-1946): Noches en los jardines de España ("Nuits dans les jardins d'Espagne")
Carl Nielsen (1865-1931): Sinfonie No. 3 "Espansiva", Op. 27
Interpreten:
Johan Ferreira Perdigão, Piano
Luxembourg Philharmonia
Martin Elmquist, Direktioun