Clara Schumann, laang stoung si am Schied vun hirem Mann Robert Schumann bis d'Musekswelt si endlech als autonom a selbstbewosst Kënschtlerin wouer geholl huet. Si war eng a ganz Europa gefeiert Concertspianistin, gefaarte Pädagogin, Mamm vun aacht Kanner, an trei Fra vun engem geniale Komponist dee frei gestuerwen ass duerch Krankheet. Mir portraitéieren d'Clara Schumann als Komponistin: mat hirem Pianosconcerto Op. 7, hire Liedern, Pianosstécker a mat hirem zu Liefzäite bekanntste Wierk, dem Pianostrio, Op. 17
Programm:
Clara Schumann (1819-1896): Pianosconcerto a La Mineur, Op. 7
Gabriela Montero (Piano), Canada's National Arts Centre Orchestra, Alexander Shelley (Direktioun)
Clara Schumann (1819-1896): Pianostrio a Sol Mineur, Op. 17
Swiss Piano Trio
Clara Schumann (1819-1896): Sechs Lieder Op. 13
Clara Schumann (1819-1896): Sechs Lieder Op. 23 nach "Jucunde" vum Herrmann Rollett
Gabriele Fontana (Sopran), Konstanze Eickhorst (Piano)
Clara Schumann (1819-1896): Dräi Romanzen Op. 21
Clara Schumann (1819-1896): Variatiounen iwwer en Theema vum Robert Schumann, Op. 21
Susanne Grützmann (Piano)
Anton Grigorevich Rubinstein (1829-1894): Prélude Op.25, Nr.4 (der Clara Schumann dediéiert)
Martin Cousin (Piano)
Franz Liszt (1811-1886): La Campanella-études d'exécution transcendante S. 140 (der Clara Schumann dediéiert)
Jorge Bolet (Piano)