Wéi am Dram

headphones

121 min

Lauschteren play_arrow

Mat sengen 89 Joer huet de Charles Dutoit scho mat esou zimmlech alle groussen Orchesteren a Solisten a Solistinne weltwäit zesummegeschafft. Dorënner och d’Pianistin Martha Argerich, déi schonn 1959 beim Debut vum Charles Dutoit als professionellen Dirigent dobäi war. Elo steet si nees mat him zesummen op der Bün, fir dem Beethoven säin éischte Pianosconcerto ze presentéieren.

Zesumme mam Orchestra della Svizzera italiana presentéieren déi zwee e Programm, mat deem ee sech séier an déi eng oder aner Dramwelt versetze loosse kann - oder vläicht esouguer Inspiratioun fir déi nächst Vakanzendestinatioun fënnt.


Presentéiert gëtt dëse Matschnëtt vum Tanja Duprez. Dir kënnt d’Emissioun nach bis den 10. Juni hei an der Mediathéik lauschteren.

Programm:

Maurice Ravel (1875-1937) “Ma mère l'oye” (suite)

Ludwig van Beethoven (1770-1827) - Piano Concerto Nr. 1 an Do, Op. 15

Felix Mendelssohn (1809-1847) Symphony Nr. 4 a La, Op. 90 “Italienesch”


Interpreten:

Orchestra della Svizzera italiana

Martha Argerich, Gei

Charles Dutoit, Direktioun

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Wéi am Dram

Charles Dutoit a Martha Argerich versetzen eis an aner Welten.
headphones

121 min

play_arrow
De Claude Lenners gëtt der 70 | © Lex Kauffmann

De Claude Lenners gëtt der 70

Eng Emissioun fir dem Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners säi 70. Gebuertsdag ze feieren.
headphones

123 min

play_arrow
Ladies’ Night | © Free

Ladies’ Night

Schumann a Mendelssohn? Clara a Fanny!
headphones

112 min

play_arrow
Hayd'n seek | © Maxime de Bollivier

Hayd'n seek

Haydn an Jazz mam Arthur Possing an dem Chaos String Quartet
headphones

113 min

play_arrow
Géint d'Zäit - mam Orchestre de Chambre du Luxembourg | © Bohumil Kostohryz

Géint d'Zäit - mam Orchestre de Chambre du Luxembourg

"Contretemps" ass den Titel vun engem Concert vun Ufank Februar 2026, bei deem den OCL sech mat verschiddenste Komponisten auserneesetzt.
headphones

125 min

play_arrow
Heroesch Téin am Concertssall | © Marco Borggreve

Heroesch Téin am Concertssall

Fir déi zwee Komponiste waren et Befreiungsschléi: dem Beethoven säin 3. Pianosconcerto an dem Schumann seng 2. Symphonie.
headphones

123 min

play_arrow
3 x Pianostrio, 3 x anescht | © Pixabay

3 x Pianostrio, 3 x anescht

E Programm am Zeeche vum Pianostrio: mee net nëmme bekannten Nimm wéi Beethoven oder Mendelssohn stinn op der Affiche.
headphones

113 min

play_arrow
Music and Wine | © Ben Kerckx

Music and Wine

Bordeaux, Côtes d’Auvergne oder Manzanilla?
headphones

107 min

play_arrow
Thrills and Tragedies - déi grouss Kontraster vun der Romantik | © Simon Pauly

Thrills and Tragedies - déi grouss Kontraster vun der Romantik

Den Numm ass Programm: dëse Concert steet ganz am Zeeche vun den emotionellen Héichten an Déifte vun der Musek vum 19. Joerhonnert.
play_disabled
Grouss Nimm, jonk Staren

Grouss Nimm, jonk Staren

Schumann, Tschaikowski a Brahms, interpretéiert vu jonke Staren
headphones

121 min

play_arrow
Zwee Frënn: Brahms an Dvořák | © Sasha Gusov

Zwee Frënn: Brahms an Dvořák

Den Orchestre Philharmonique de Radio France spillt ënner der Leedung vum Eliot Gardiner Wierker vun zwee befrënnte Komponisten, dem Johannes Brahms an dem Antonin Dvořák.
headphones

121 min

play_arrow
Bridges | © Alfonso Salgueiro

Bridges

Brécke bauen duerch Zäit a Raum
play_disabled
Grouss Romantik vun engem Bruckner-Schüler | © Alberto Venzago

Grouss Romantik vun engem Bruckner-Schüler

De Paavo Järvi dirigéiert d'Lëtzebuerger Philharmoniker an der éischter Sinfonie vum Hans Rott. De Bruce Liu ass de Solist an der Paganini-Rhapsodie vum Rachmaninoff.
D'Gei an de Piano am Dialog | © Columbia Artists Music LLC

D'Gei an de Piano am Dialog

Wéi eng Roll spillt de Piano vis-à-vis vun der Gei? Bei dësem Programm treffen 3 ënnerschiddlech Wierker openeen déi weise wéi sech dës Rolleverdeelung mat der Zäit verännert huet.
headphones

125 min

play_arrow
Iwwer d'Léift a Leidenschaft | © Michal Fanta

Iwwer d'Léift a Leidenschaft

Romeo a Julia vum Prokofiev an de romantesch-virtuose Geieconcerto vum Tschaikowski
headphones

123 min

play_arrow
Kammermusek fir Bléiser | © Conservatoire de Musique de la Ville d’Esch/Alzette

Kammermusek fir Bléiser

Beethoven, Prokofiev an Thuille interpretéiert vun am Ganzen 10 an Enseignanteën an Enseignanten aus dem Escher Conservatoire.
headphones

113 min

play_arrow
Ego-Kult oder Selbstironie? | © Nikolaj Lund

Ego-Kult oder Selbstironie?

"Ein Heldenleben" vum Richard Richard Strauss mam WDR Sinfonieorchester ënner der Eva Ollikainen.
headphones

121 min

play_arrow
Staark Fraen... live aus Berlin | © David Payr

Staark Fraen... live aus Berlin

D'Stargeiistin Midori mam Dvořák sengem Geieconcerto an nordamerikanesch Entdeckunge vun der Vivan Fung an der Amy Beach.
headphones

121 min

play_arrow
Ostrava Days 2025 | © Martin Popelar

Ostrava Days 2025

De Concert mat Neier Musek kënnt vun den Ostrava Days 2025, engem grousse Festival ganz ronderëm déi zäitgenëssesch Musek.
headphones

122 min

play_arrow
De Pianosquartett als 3-Gänge-Menu

De Pianosquartett als 3-Gänge-Menu

E Concertsprogramm ganz am Zeeche vun der Gattung Pianosquartett. E kontrasträiche Programm voller Gefiller an interessanten Hannergrondgeschichten
headphones

113 min

play_arrow