Ee Virfall, eng Hürd, déi ee meeschtere muss, eng Ausernanersetzung oder vläicht och Géigepol - Fir d’Wuert Contretemps am Franséische ginn et vill Iwwersetzungen, déi ee mat deem Wuert verbënnt. “Contretemps” ass dann awer och den haitege Concertstitel.
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg huet Wierker programméiert, déi fréier schonn an deelweis haut nach aner Weeër ginn - géint d'Zäit. Mat dobäi ass och eng Lëtzebuerger Uropféierung vum Markus Brönnimann.
Huelt Plaz an eisem Opus-Concertssall!
Programm
- Thomas Adès (1971): Dräi Studie vum Couperin
- Maurice Ravel (1875-1937): Le Tombeau de Couperin
- Markus Brönnimann: Albula / Uropféierung a Commande vum Kulturministère
- Joseph Haydn (1732-1809): Sinfonie Nr. 45 "Abschiedssinfonie" / Les Adieux
Interpreten
- Orchestre de Chambre du Luxembourg / OCL
- Bertie Baigent, Dirigent