De Remy Franck presentéiert e Concert mat Wierker vun zwee befrënnte Komponisten: Johannes Brahms an Antonin Dvořák. De Brahms huet säi méi jonke Kolleeg gefërdert an och beaflosst, esou kann een am Dvořák senger 7. Symphonie och eng gewësse Brahms-Kraaft spieren. Virdru gëtt dem Brahms säin zweete Pianosconcerto interpretéiert vum Alexandre Kantorow als Solist. Den John Eliot Gardiner dirigéiert dëse Concert un der Spëtzt vum Orchestre Philharmonique de Radio France.
Programm:
Johannes Brahms: Pianosconcerto Nr.2, op.83
Antonín Dvořák: Symphonie Nr.7, op.70
Interpreten:
Alexandre Kantorow, Piano
Orchestre Philharmonique de Radio France
John Eliot Gardiner, Direktioun