Et ass e Concert, op deem zwee vun deene ganz grousse Romantiker gefeiert ginn: De Rachmaninoff mat senger onbegrenzter Virtuositéit, an där de kanadesche Pianist Bruce Liu glänzt. An den Hans Rott, en éisträichesche Romantiker, deen trotz sengem fréien Doud am Alter vun nëmme 25 Joer zwou Sinfonien hannerlooss huet. Déi éischt a Mi Majeur erënnert vun hirer Struktur a vum Klangbild un dem Hans Rott säin Uergelprofesser, den Anton Bruckner. Mee et kann een awer och Elementer eraushéieren, déi un dem Rott säi Studiekolleeg Gustav Mahler erënneren.
Programm:
Sergei Rachmaninoff (1873-1943): Rhapsodie iwwer en Theema vum Paganini, op.43
Frédéric Chopin (1810-1849): Fantaisie-Impromptu an Do dièse Mineur, op.66
Hans Rott (1858-1884): Sinfonie Nr.1 a Mi Majeur
Interpreten:
Bruce Liu, Piano
Lëtzebuerger Philharmoniker
Paavo Järvi, Direktioun
Dëse Concert gouf de 6. Februar 2026 an der Lëtzebuerger Philharmonie opgeholl. D'Opnam ass disponibel bis den 29. Abrëll 2026.