De Remy Franck presentéiert e Concert vum Orchestre Philharmonique de Radio France. D'Mirga Gražinytė-Tyla dirigéiert déi lescht Symphonie, déi fofzéngt vum Dmitri Schostakowitsch, an duerno och dem Mieczysław Weinberg seng lescht Symphonie, “Kaddish”, déi de Judden aus dem Warschauer Ghetto dediéiert ass.
Programm:
Dmitri Schostakowitsch: Symphonie Nr. 15, op.141
Mieczysław Weinberg: Symphonie Nr. 21, op.152 “Kaddish”
Interpreten:
Hulkar Sabirova, Sopran
Gidon Kremer, Gei
Orchestre Philharmonique de Radio France
Mirga Gražinytė-Tyla, Dirigentin