“Ray Chen lässt die Haare vom Bogen fliegen“ - esou betitelt den däitschen NDR säi Bericht vum Ouvertureconcert vum Schleswig Holstein Musikfestival am Juli 2025. Den australesch-taiwanesche Geiist Chen war kuerzfristeg als Solist agesprongen, wéi d‘Pianistin Khatia Buniatishvili krankheetsbedéngt ausgefall ass.
An esou gouf aus dem Beethoven Piano Concerto spontan de Mendelssohn Geieconcerto a Mi Mineur, dee mir eis an dëser Emissioun zesummen ulauschteren. Mat am Gepäck huet den Orchester nieft dem Mendelssohn Concerto och déi 7. Sinfonie vum Anton Dvorak an eventuell nach déi eng oder aner Zugab.
Presentéiert gëtt dëse Concert vum Tanja Duprez. Dir kënnt d’Emissioun nach bis de 24. Mäerz hei an der Mediathéik lauschteren.
Programm:
• Felix Mendelssohn (1809-1847) - Geieconcerto a Mi Mineur, op.64
• Anton Bruckner (1824-1896) - Sinfonie Nr. 7 a Mi Majeur
Interpreten:
• NDR Sinfonieorchester, dir. Christoph Eschenbach
• Ray Chen, Gei