D'Echo-Präisträgerin Valérie Fritz presentéiert an der Lëtzebuerger Philharmonie ee fir si typesche Programm, dee sech awer ausserhalb vun alle Konventioune beweegt. Et ass eng Kombinatioun vum César Franck senger bekannter Sonat a La Majeur, mat fulminanten Entdeckunge vun der brittescher Spéitromantikerin Rebecca Clark an neier Musek vun der Jennifer Walshe an dem Salvatore Sciarrino.
Programm:
Salvatore Sciarrino (*1947): Melencolia I
Rebecca Clarke (1886-1979): Sonat fir Braatsch a Piano (arrangéiert fir Cello a Piano)
Jennifer Walshe (*1974): The sheer task to being alive (2025) (Cello a Performance: Valérie Fritz)
César Franck (1822-1890): Sonat a La Majeur fir Gei a Piano (Arrangéiert fir Cello a Piano vum Jules Delsart)
Nadia Boulanger (1887-1979): "Vite et rhythmé" aus den “Trois pièces pour violoncelle et Piano” (Zugab)
Interpreten:
Valérie Fritz, Cello a Performance
Mario Häring, Piano
Dëse Concert gouf de 14. Januar 2026 an der Lëtzebuerger Philharmonie opgeholl. D'Opnam ass hei um Site disponibel bis den 12. Abrëll.