Wat geschitt wann een de Membere vun engem professionellen Orchester komplett fräi Hand léist wat d’Wierker ugeet déi si dierfe spillen sou wéi och d’Besetzung? Genau dat huet de Sloweenesche Symphonie Orchester gewot. A dobäi erauskomm ass e Concertsowend wou d’Orchestermuseker sech a Kammermuseker a Soliste verwandelen. Wou den Orchester sech iwwert déi gewinnte Grenzen ewechsetzt an an e Repertoire antaucht deen e bëssen ausserhalb vun hirem bekanntem Ëmfeld läit. An dat mat Wierker vu Casadesus, Vivaldi, Fauré an Dvorak.
Dëst ass e Live Matschnëtt vum Concert vum 1. Februar 2026 aus der Sloweenescher Philharmonie zu Ljubljana dee vun der Sloweenescher RTV opgeholl ginn ass. An dës Opnam ass nach bis de 17. Abrëll fir Iech disponibel.
Programm :
Henri Casadesus (1879-1947) : Concerto fir Braatsch am Stil vum J.C. Bach
Antonio Vivaldi (1678-1741) : Concerto fir zwee Celli a Sol mineur
Gabriel Fauré (1845-1924) : Élégie op.24
Antonín Dvořák (1841-1904) : Serenade fir Sträichorchester op.22
Interpreten :
Yasumichi Iwaki, Braatsch
Uršula Iwaki, Cello
Tomaž Sevšek Šramel, Cembalo
RTV Slovenia Symphony Orchestra
Jerica Kozole, Konzertmeister