Den Orchestre de la Suisse Romande, ënnert der Leedung vun der jonker an international gefeierter Amerikanerin Karina Canellakis, presentéiert sinfonesch Musek déi nei Weeër geet.: dem Beethoven seng 2. Sinfonie a Ré Majeur, Op. 36 mat der hien sech endgëlteg vu sengem grousse Virbild Haydn befreit an dat obwuel den Ufank vu senger Dafheet hien an eng Liewenskris bréngt. Dem Richard Strauss seng sinfonesch Dichtung "Tod und Verklärung" déi sech mat den Theemen "Doud, Endlechkeet a Jensäits" befaasst. Am Mëttelpunkt vun dësem Concert steet dat wuel bekanntste Wierk aus der Pianosliteratur wat just fir eng Hand geschriwwe ginn ass, de Pianosconcerto fir déi lénks Hand vum Maurice Ravel. Gewidmet ass dëst Wierk dem Paul Wittgenstein deen am 1. Weltkrich zum Invalid ginn ass. Solistin bei dësem Pianosconcerto ass déi international renomméiert däitsch-japanesch Pianistin Alice Sara Ott.
Programm:
Ludwig van Beethoven: Sinfonie Nr.2 a Ré Majeur, Op. 36
Maurice Ravel: Concerto fir Piano fir déi lénks Hand
Erik Satie: 1. Gnossienne
Richard Strausss: Tod und Verklärung - sinfonische Dichtung, Op. 24
Interpreten:
Alice Sara Ott, Piano
Orchestre de la Suisse Romande
Karina Canellakis (Dir.)