E Grafsteen an zwee Monumenter - dat kléngt den éischten Ament vläicht éischter no Geschichtscours wéi no engem klassesche Concert. Mee dës Kombinatioun beschreift de Programm vum heitege Matschnëtt vum Orchestre de la Suisse Romande awer ganz gutt.
Aus der Genfer Victoria Hall héiere mir dem György Kurtág säi “Grabstein für Stephan“, dem Max Bruch säi Geieconcerto an dem Mozart säi Requiem - interpretéiert zesumme mat engem grousse Chouer, véier Solostëmmen an engem Nowuesstalent op der Gei.
Am Alter vun nëmme 25 Joer huet d’Japanerin Himari schonn eng sëllege Präisser gewonnen an tourt mat weltbekannten Orchesteren op grousse Bünen. Dorënner och - an hei schléisst sech dann de musikalesche Krees - mam Kyoto Symphony Orchestra an dem Orchestre de la Suisse Romande, déi allebéid ënner der Leedung vum Jonathan Nott stinn.
Presentéiert gëtt dëse Concert vum Tanja Duprez. Dir kënnt d’Emissioun nach bis de 14. Abrëll an der Mediathéik lauschteren.
Programm
• György Kurtág (1926) - “Grabstein für Stephan”
• Max Bruch (1838-1920) - Geieconcerto Nr. 1 a Sol Mineur, op.26
• Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791) - Requiem a Re Mineur, K. 626
Interpreten:
• Orchestre de la Suisse Romande
• Jonathan Nott, Dirigent
• Himari, Gei
• Mari Eriksmoen, Sopran
• Eve-Maud Hubeaux, Mezzo-Sopran
• Jeremy Ovenden, Tenor
• Alexandros Stavrakakis, Bass
• Lausanne Vocal Ensemble