All Nout ass gezupft, entweeder op der Mandolinn oder op der Gittar. Entdeckt den typesch italieenesche Flair aus dem spéiden 18. a fréien 19. Joerhonnert mat dräi Enseignanten aus dem Stater Conservatoire. Dat ass eng Geleeënheet fir nieft dem Paganini an dem Beethoven Komponiste kennenzeléieren, déi ee soss net esou dacks ze héiere kritt.
Programm:
Ferdinando Carulli (1770-1841): Serenade fir zwou Gittaren
Johann Kaspar Mertz (1806-1856): Tarantella fir zwou Gittaren
Cristoforo Signorelli (1731-1815): Sonat fir Mandolinn a Gittar
Niccoló Paganini (1782-1840): Serenade fir Mandolinn a Gittar “per Rovene”
Bartolomeo Bortolazzi (1772-1820): Theema a Variatiounen a Sol Majeur fir Mandolinn a Gittar
Filippo Gragnani (1767-1812): Trio, op.12 fir dräi Gittaren
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Sonatine an Do Majeur fir zwou Gittaren a Mandolinn
Interpreten:
Mari Fe Pavón, Mandolinn a Gittar
Hany Heshmat, Gittar
Josip Dragnic, Gittar
Dëse Concert ActArt gouf de 14. Dezember 2025 am Stater Conservatoire opgeholl. D’Opnam ass disponibel bis de 14. Abrëll 2026.