Déi international Press feiert si net nëmme wéinst hiren aussergewéinleche Reflexer an Technik, mee och wéinst der magescher ”Sogwirkung” vun hirer Musikalitéit: déi gebierteg russesch Pianistin Anna Vinnitskaya ass déi grouss Solistin am Rachmaninoff sengem éischte Pianosconcerto. Dee Concert gouf an der Philharmonie Berlin gespillt, mam Rundfunksinfonieorchester Berlin an dem Valentin Uryupin als Dirigent.
Am zweeten Deel vum Concert loosse si och nach dem Bruckner seng grouss zweet Sinfonie an Do Mineur erkléngen. Béid Wierker si ganz symbolesch fir d’Sinfonik: de Rachmaninoff ass sengem romanteschen Ideal an der Virtuositéit vun der russescher Schoul trei bleiwen an de Bruckner beweist a senger Sinfonie, datt no Beethoven an Haydn och nei Weeër an der Sinfonik méiglech waren.
Programm:
- Sergei Rachmaninow: Pianosconcerto Nr. 1 a Fa dièze mineur op.1
Anna Vinnitskaya, Piano
Rundfunksinfonieorchester Berlin
Valentin Uryupin, Dirigent
- Felix Mendelssohn-Bartholdy: Lied ohne Worte op.67,2 “Lost Illusions“ (Zugab)
Anna Vinntiskaya, Piano
- Anton Bruckner: Sinfonie Nr. 2 an Do mineur
Moderato - Adagio - Scherzo - Finale (Moderato)
Anna Vinnitskaya, Piano
Rundfunksinfonieorchester Berlin
Valentin Uryupin, Dirigent
- Sergei Rachmaninow: Sinfonie Nr. 2 a Mi mineur op.27
Ausschnëtt: Adagio a Finale - Allegro vivace
Berliner Philharmoniker
Lorin Maazel, Dirigent