De Remy Franck presentéiert e Concert fir den 100. Gebuertsdag vum polnesche Radio. Um Programm sti véier Uropféierunge vu polnesche Komponisten. Héichpunkt ass d'Uropféierung vum Concerto fir Gei, Cello an Orchester vun der Marta Ptaszyńska, e Wierk, dat vum Verband vun de Museker vum Polnesche Radiosorchester zu Warschau fir dat 80-järegt Bestoe vum Orchester bestallt gouf. Mat derbäi sinn och den Neoquartett an den Ensemble Kwadrofonik. De Polnesche Radiosorchester Warschau gëtt dirigéiert vum Michał Klauza.
Programm:
- Grażyna Pstrokońska-Nawratil: Muzyka drzew
NeoQuartet
- Lena Michajłów: entering Sterngäßchen 4
Kwadrofonik
- Wojciech Błażejczyk: Sträichquartett Nr. 3
NeoQuartet
- Marta Ptaszynska: Concerto fi Gei, Cello an Orchester
Jakub Jakowicz, Gei
Marcin Zdunik, Cello
- Hanna Kulenty: Geieconcerto
Marcin Markowicz, Gei
Polnesche Radiosorchester Warschau
Michał Klauza, Dirigent