Le Siècle de Lucia hëlt eis mat op eng emotional musekalesch Rees tëschent Italien a Lëtzebuerg. Et ass eng Geschicht vun Erënnerung a Vergiessen: erzielt gëtt d’Liewe vun der italieenescher Awanderin Lucia a vun hirem Bouf Jo, dee kuerz virun hirem Doud mat der Wourecht konfrontéiert gëtt. Alles fänkt u mat engem rouden Heft ...
Dëst ass e Matschnëtt vum 15. Januar 2026, opgeholl am Mierscher Theater. Dee kënnt Dir an eiser Mediathéik um www.opus.radio oder iwwer d’Opus App nolauschteren an zwar bis den 3. Abrëll 2026. Weider Informatioune fannt dir hei.
Programm:
Le siècle de Lucia / non trovo il filo
- Jean Portante (Libretto)
- Maurizio Spiridigliozzi (Kompositioun)
- Claude Mangen (Mise en scène)
Interpreten:
- Guillaume Durieux (Spriechroll: Jo)
- Anne Brionne (Spriechroll: Lucia)
- Solistinnen a Solisten:
- Sarah Bernardy
- Juliette Doummar
- Kenny Ferreira
- Classes d’art lyrique du Conservatoire de la Ville de Luxembourg:
- Bilal Chtati
- Vladimir Delogne
- Mélisande Kashii-Grébet
- Pedro Zamorano Pérez
- Ester Stanga
- Clara Valette
- Hélène Bernardy, Monique Simon (Chouerdirektioun)
- Orchester vun de Proffen aus dem Stater Conservatoire
- Marc Meyers (Direktioun)