Et gi Komponisten, déi kennt warscheinlech all Mënsch. An et ginn och Instrumenter, déi esou populär sinn, datt all Kand kéint e Bild dovu molen.
An da ginn et Komponisten, déi trotz ganz aktivem Wierken an héich qualitative Kompositiounen, aus engem net ze erklärende Grond iergendwéi ëmmer an der zweeter oder an der drëtter Rei zeréckbleiwen. An d’selwecht ginn et Instrumenter, deenen een zwar am Orchester eng wichteg Roll zoutraut, mee awer net direkt eng solistesch Roll.
A wann een dann e Concert fënnt, bei deem e Wierk vun engem net esou bekannte Komponist um Programm steet, deen en plus e Wierk fir en Instrument geschriwwen huet, fir dat et bis elo nëmmen e Grapp voll Wierker gëtt, da weess een, datt et e ganz spezielle Concert wäert ginn.
D’Luxembourg Chamber Players hu sech genee dat an hirem Concert vum 5. Oktober zu Häerz geholl. Um Programm stoung hei dem Carl Nielsen seng Suite fir Sträicher, dem Lars-Erik Larsson säi Concertino fir Kontrabass an dem Pjotr Iljitsch Tschaikowski seng Serenade fir Sträicher.
Loosst Iech vun de Luxembourg Chamber Players mathuelen an d’Welt vun de grousse Meeschterwierker an den iwwerraschende Raritéiten.
Dëst ass e Live Matschnëtt vum Concert vum 5. Oktober 2025 am Cube 521 dee vum Opus fir Iech opgeholl ginn ass. D’Opnam ass nach bis de 27. Mäerz disponibel.
Programm:
Carl Nielsen (1865-1931): Suite for Strings op.1
Lars-Erik Larsson (1908-1986): Concertino pour contrebasse et orchestre à cordes
Pjotr Tschaikowski (1840-1893): Serenade for strings
Interpreten:
Choul-Wong Pyun, Kontrabass
Luxembourg Chamber Players
Christo Pavlov, Direktioun