Mam Marco Sanna ass de Benjamin Kruithof scho méi dacks opgetrueden, ënner anerem och schonn hei zu Lëtzebuerg an der Philharmonie am Kader vu senger Rising Star-Tournée. De Geiist Ruslan Talas huet de Lëtzebuerger Cellist op der Kronberg Akademie kennegeléiert, op där si allen zwee studéieren. Um Buerglënster Festival spillen déi dräi jonk Museker als Trio.
Programm:
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Sonat fir Cello a Piano Nr. 1 a Sol mineur
Claude Debussy (1862-1918): Sonat fir Gei a Piano
Anton Arenksy (1861-1906): Trio Nr. 1 a Re mineur, op.32
Interpreten:
Ruslan Talas, Gei
Benjamin Kruithof, Cello
Marco Sanna, Piano
Dëse Concert gouf de 14. Dezember 2025 um Buerglënster Festival opgeholl. D'Opnam ass disponibel bis de 14. Mäerz 2026 op www.opus.radio an an der opus 100,7 App.