Ënner dem Motto "Au Seuil de l'Avent" war den 30. November e grousse Concert an der Stater Kathedral. Opgetruede si vill Musekerinnen a Museker: Den Organist Paul Breisch, den Ensembel Estro Armonico an d’Maîtrise Saint-Cécile de la Cathédrale Notre-Dame, mat hirem Dirigent Marc Dostert.
Um Programm stinn ungaresch Motetten. Eng dovunner ass "Laudes Organi", déi de Zoltán Kodály als Hommage un dat beandrockend Instrument vun der Uergel komponéiert huet. Ironescherweis huet hien et awer net fir d'Uergel geschriwwen.
Programm:
- Motetten aus Ungarn
- Zoltán Kodály: Laudes Organi
- Zoltán Kodály: Missa breve
Interpreten:
- Maîtrise Saint-Cécile de la Cathédrale Notre-Dame
- Estro Armonico
- Paul Breisch, Uergel
- Marc Dostert, Direktioun