Episoden
Europa danzt ...
Den European Union Baroque Orchestra presentéiert extravagant Danzmusek aus Frankräich, England an Däitschland, komponéiert vu Rameau, Purcell, Telemann a Bach.
The Dream of Gerontius vum Edward Elgar
De Cristian Măcelaru dirigéiert eent vun de Meeschterwierker vum Edward Elgar, säi Vokalwierk "The Dream of Gerontius", an der Kölner Philharmonie.
Dräi jonk Museker um Buerglënster Festival
De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof trëtt mat zwee Frënn op: mam Pianist Marco Sanna a mam Geiist Ruslan Talas
Kammerata Luxembourg am Veianer Schlass
"Ernstes Spiel - gespielter Ernst” ass de Motto vum Ofschlossconcert vun de MusicDays Vianden 2025.
Dem Bach seng Meeschterwierker
De Raphael Pichon mécht säin Debut mat de Berliner Philharmoniker a presentéiert ënner anerem d'Mass a Si bémol Mineur vum J.S. Bach.
D'Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025
"The orchestra: a body of sound", den Orchester als Klangkierper, dat war de Motto vun engem Concert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025.
Rencontre musicale
An der Concertsbeschreiwung gouf scho kloer: dëse Concert ass eng Raritéit. An dat geet schonn aus der Besetzung selwer ervir: Harf mat Blechbléiser.
Orchestre de Chambre du Luxembourg live aus der Philharmonie
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg spillt Wierker vum Ravel a vum Hayden an interpretéiert eng Uropféierung vum Markus Brönnimann.
Märerchersstonn mam OCL
E märchenhafte Concert vum Orchestre de Chambre de Luxembourg ënner der Baguette vum Mariano Chiacchiarini mat Erzielungen vun der Milla Trausch
Fokus op dem Verdi säi Requiem
Ronn 90 Minutte Musek als Undenken un den italieeneschen Auteur Alessandro Manzoni, oder awer un den Gioacchino Rossini?
Galaconcert vum Geza Anda Concours
Galaconcert vum Geza Anda Piano Concours an der Tonhalle vun Zürich mat de Gewënner Mihály Berecz, Dmitry Yudin an Ilya Shmukler.
Romantesch Empfindlechkeet
Eng Formatioun vun de Lëtzebuerger Philharmoniker hëlt Iech mat an d'Klangwelt vum Anatoli Liadov, der Tatsiana Zelianko an August Klughardt. Ländlech, imaginär a ganz zougänglech.
Aus Nördlichen Gefilden
Stiermesch Melodien, lëfteg Klangfaarwen a räich Harmonien
Bach meets Jazz mam Brad Mehldau
Jiddereen ass e Fan vum Bach: de Strawinsky, Webern an och ... d'Jazz Musekerinnen a Museker.
Fusioun vu Vollekslidder a Klassik
Den Norwegesche Radiosorchester spillt ënnert der Leedung vum Petr Popelka an dem Ingar Bergby Wierker vum Mozart, Dvořák a Ligeti.
I got rhythm
Gershwin, Bernstein, Copland a vill aner amerikanesch Komponisten
Chouermusek vu Monument bis Raritéit
Direkt zwee Anniversairë feiert de Mechelschouer dës Saison ; 175 Joer Chorale Saint Michel a 65 Joer mam Gerry Welter als Dirigent. Dat mat Wierker vu Schumann a Bach op hirem tra