Alles mat Sträicher - esou kann een de Concert hei beschreiwen. Ob ursprünglech esou vum Komponist ugeduecht oder duerno fir Sträichorchester adaptéiert, dëse Repertoire ass vum waarme Sträicherklang gepräägt. Programm: Ottorino Respighi (1879-1936): Il tramonto, fir Mezzo-Sopran a Sträicher Robert Schumann (1810-1856): Concerto fir Cello an Orchester, op.129 (Fassung fir Sträichorchester) Antonín Dvořák (1841-1904): Sträicherserenade Nr. 1 a Mi Majeur Johannes Brahms (1833-1897): Geistliches Wiegenlied, op.91 (Zugab) Interpreten: Stéphanie Huang, Cello Cécile Lastchenko, Mezzo-Sopran Orchester vun der Stëftung Baron Arthur Grumiaux Luc Dewez, Direktioun Dëse Concert gouf de 27. September 2025 an der Kierch zu Biebereg um Festival Musique dans la Vallée opgeholl. D'Opnam ass nach bis den 18. Dezember 2025 disponibel an der Mediathéik vum opus.
Concert vum Festival Musique dans la Vallée vu Biebereg
play_disabled
Stéphanie Huang, Cellistin a Lauréate vum Concours Reine Elisabeth 2022 (Foto: Derek Prager)
mic_none
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes
Episoden
Déi jonk Generatioun am Mëttelpunkt
De Jérémie Moreau um Piano an d'Valerie Fritz um Cello stellen hiert Talent ënner Beweis.
Sechs zäitgenëssesch Komponistinnen
Wierker vu Lera Auerbach, Anna Clyne, Konstantia Gourzi, Camille Pépin, Livia Teodorescu-Ciocanea an Allison Loggins-Hull
Den Cello an all senge Variatiounen
Alles am Zeeche vum Cello: mat engem variéierte Programm ronderëm dräi grouss Nimm, de Franz Schubert, de Claude Debussy an de Johannes Brahms
Galaconcert vun den International Classical Music Awards
Musikalesch Glanzliichter
De Rising Star Giorgi Gigashvili
Den am Joer 2000 gebuerene Pianist presentéiert sech mat däitscher Romantik, russeschem 20. Joerhonnert an enger neier Kompositioun vun der Natalie Berizde
Esou ënnerschiddlech kann dat 20. Joerhonnert kléngen
Sibelius, Janáček a Schostakowitsch mam Leonidas Kavakos, mat de Lëtzebuerger Philharmoniker a mam Jukka-Pekka Saraste
Hommage un d'Clara Schumann
Déi legendär Pianistin, Komponistin a Mamm vun 8 Kanner, ass virun 130 Joer gestuerwen.
Grouss Sinfonie
De Schweedesche Radiosymphonieorchester spillt ënnert der Leedung vum Antonio Pappano Wierker vum Johannes Brahms a Richard Strauss
E Rising Star um ungareschen Cimbalom
Folk, Jazz a Klassik vu Bach bis Modern, gespillt op engem vun den eelste Museksinstrumenter dem Cimbalom, vun dem ungareschen Nowuesstalent Aron Horváth
Papp a Jong
D’Famill Bach an d’Famill Scarlatti stinn am Fokus um Erëffnungsconcert vum Catch Music Festival 2026
70. Gebuertsdag - Gast Waltzing & Guests LIVE
De Lëtzebuerger Gast Waltzing feiert säi 70. Gebuertsdag an invitéiert nieft de Lëtzebuerger Philharmoniker eng Rei Kënschtler:innen vu vergangene Projeten op d'Bün.
Wéi am Dram
Charles Dutoit a Martha Argerich versetzen eis an aner Welten.
De Claude Lenners gëtt der 70
Eng Emissioun fir dem Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners säi 70. Gebuertsdag ze feieren.
Ladies’ Night
Schumann a Mendelssohn? Clara a Fanny!
Hayd'n seek
Haydn an Jazz mam Arthur Possing an dem Chaos String Quartet
Géint d'Zäit - mam Orchestre de Chambre du Luxembourg
"Contretemps" ass den Titel vun engem Concert vun Ufank Februar 2026, bei deem den OCL sech mat verschiddenste Komponisten auserneesetzt.
Heroesch Téin am Concertssall
Fir déi zwee Komponiste waren et Befreiungsschléi: dem Beethoven säin 3. Pianosconcerto an dem Schumann seng 2. Symphonie.
3 x Pianostrio, 3 x anescht
E Programm am Zeeche vum Pianostrio: mee net nëmme bekannten Nimm wéi Beethoven oder Mendelssohn stinn op der Affiche.
Music and Wine
Bordeaux, Côtes d’Auvergne oder Manzanilla?