Fuerderungskatalog vum Patronat: Ë.a. misst eng méiglech Indextranche verréckelt ginn
Bei der Arrivée am Sennenger Schlass vun de Sozialpartner war d'Stëmmung bei de Sozialpartner virsiichteg optimistesch. D'Patronatssäit hat hir Fuerderungen och am Virfeld un d'Regierung geschéckt an ënner anerem gefuerdert, datt eng eventuell nächst Indextranche misst verréckelt ginn.
De Premier Luc Frieden sot, et wéilt een näischt ausschléissen, och wann d'Prioritéit vun dëser Tripartite bei de Konsequenze vum Krich am Noen Oste léich. Et géif kee verbuede kréien iwwer eenzel Sujeten ze schwätzen, esou nach de Premier.
"Da musse mer an deenen nächsten Deeg kucken, wéi mer domat weiderginn. Kee kritt verbueden iwwer dee Sujet ze schwätzen. Mir sinn der Meenung, datt mer gemeinsam Léisunge fir eist Land solle sichen."
(Foto: Pit Beffort)
Ordre du jour nach net bekannt
Et géif een dovun ausgoen, datt een haut um éischten Dag net mat all de Punkte géif fäerdeg ginn, esou d'OGBL-Presidentin Nora Back. D'Gewerkschaftsunioun géif trotzdeem un all hire Revendicatioune festhalen, esou d'Nora Back.
“Et gëtt jo elo schlussendlech kee richteg definéierten Ordre du jour, obwuel mer eis eng Kéier getraff hätten, fir eng Tagesordnung festzehalen, si mer haut e bëssen an engem oppene Raum, wou emol fir d'éischt jiddereen eng Kéier seng Positioune kann op den Dësch leeën an da gëtt diskutéiert."
Et géif een alles matbréngen, wat hinnen zu dësem Zäitpunkt wichteg wier, esou d'Nora Back.
"Mir hu jo elo net déi ganz Sozialpolitik an Aarbechtspolitik hei op den Dësch geluecht, mee wierklech déi Punkten, déi am Moment fir eis am Akuutste sinn an am Wichtegste sinn."
David Angel, Nora Back, Sylvain Hoffmann (Foto: Pit Beffort)
Patronat huet Fuerderungskatalog un d'Regierung geschéckt
Och d’Patronat huet der Regierung am Virfeld hir Fuerderungen zoukomme gelooss. D’Patronatsorganisatioun UEL wëllt ënner anerem manner Accisen op Diesel a Masutt an eng méi niddereg Betribssteier. An et misst een evitéieren, datt eng zweet Indextranche bannent 12 Méint erfält. Soll dat awer geschéien, misst déi zweet Indextranche verréckelt, an d’Stéit kompenséiert ginn, fuerdert d’UEL.
Trotz deene klore Fuerderunge wollt een awer net mat roude Linnen an d'Gespréicher eragoen, mee éischter mat engem roude Fuedem, esou den UEL-President Michel Reckinger.
"Dee fil rouge ass d'Kompetitivitéit. An alles wat der Kompetitivitéit vun der Lëtzebuerger Ekonomie hëlleft, wäerte mir ënnerstëtzen."
Beim Optakt vun der Verhandlunge war den Ordre du jour nach net bekannt.