De Gadi Eizenkot ass an der israeelescher Politik en Newcomer. Hien huet virun der Wal seng eege Partei gegrënnt a se "Yashar" genannt, wat op Hebräesch "Riicht" heescht. Op der Lëscht sti keng weider bekannt Kandidaten.
Mee de Gadi Eizenkot ass an Israel net onbekannt. Net als Politiker, mee als Chef vun der Arméi. An domadder kann een an Israel punkten.
Newcomer an der Politik, mee national net onbekannt
An der Press gëtt hien dacks als dat geneet Géigebild vum Benjamin Netanjahu duergestallt. Mee als Chef vun der Arméi ënnerstëtzt och hien d'Kricher an d'Besatzung vu Palästina, och wann hie sech mam Benjamin Netanjahu net iwwer d'Ëmsetzung eens ass.
Mee am Géigendeel zum Benjamin Netanjahu wierkt de Gadi Eizenkot méi terre à terre. Esou wéi vill Awunner:inne vun Afula ass och hien als Kand vun zwee marokkaneschen Awanderer an der Peripherie opgewuess, wäit fort vun de Groussstied. De Gadi Eizenkot huet an der Gazasträif säi Bouf verluer, wouriwwer hien awer seele schwätzt.
An engem Land, dat an de leschten dräi Joer ee Krich nom anere gefouert huet, wierkt esou e Politiker credibel.
Net den éischten Arméichef un der Spëtzt vun Israel
Mee de Gadi Eizenkot ass net den éischten Arméischef, dee Premier wëllt ginn. De Leschten, deen dat probéiert hat, ass dorunner gescheitert.
Esou wéi de Gadi Eizenkot hat och de Benny Gantz 2019 an den Ëmfroen d'Nues virum Benjamin Netanjahu. An der Wal selwer krute béid Kandidate genee d'selwecht vill Mandater, mee kee krut eng Majoritéit mat den anere Parteien zesummen.
No den drëtten Neiwalen ouni kloert Resultat huet de Benny Gantz kleng bäiginn. Hien ass mam Benjamin Netanjahu an d'Regierung gaangen an huet domadder fir vill Leit seng Glafwierdegkeet verspillt. Haut packt hien et den Ëmfroen no net emol iwwer d’Spärklausel vun 3,25 Prozent.
Zu Afula si vill Leit beonrouegt, datt sech dat elo mam Gadi Eizenkot widderhuele kéint. Mee den Ëmfroen no kéint et och fir de Gadi Eizenkot de 27. Oktober enk ginn, genuch Partner fir eng Majoritéit ze fannen.