Vëlossport

Tour de France vun de Fraen: Vu Favorittinnen an engem legendäre Bierg

Nodeems den Tour de France vun de Männer d’lescht Woch op en Enn gaangen ass, sinn elo d'Dammen un der Rei. Zu Lausanne an der Schwäiz geet et mat enger Etapp iwwer 137 Kilometer lass. Mee wien zielt zu de Favorittinnen a wéi eng Roll spillt déi eenzeg Lëtzebuergerin beim Tour, d’Nina Berton? 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© cture alliance / NurPhoto | Ronan Houssin play_arrow
(Foto: cture alliance / NurPhoto | Ronan Houssin)

Iwwer néng Etappen ouni Roudag geet den Tour de France vun de Fraen dëst Joer. Highlight dierft wuel déi siwent Etapp en Donneschdeg ginn: Do geet et iwwer 144 Kilometer op de Mont Ventoux erop – eng Première an der fënnef Joer aler Geschicht vum Tour de France Femmes.

Favorittinne ginn et der genuch

Wee sech um legendäre Bierg an der Provence behaapt dierft och gutt Kaarten op de Giele Maillot an domat d’Schlussvictoire hunn. Am Fokus dofir stinn dëst Joer direkt e puer Fuererinnen, also net wéi bei de Männer, wou den Tadej Pogacar jidderengem dovu fiert.

Als grouss Favorittin geet d’Hollännerin Demi Vollering un den Depart. Si huet dëst Joer de Giro d’Italia gewonnen an 2023 den Tour de France – an ass aktuell a gudder Form.

Eng staark Konkurrentin fir si dierft d’Franséisin Pauline Ferrand-Prévot sinn. Déi huet nämlech d’lescht Joer den Tuer gewonnen. Allerdéngs sinn dës Saison déi grouss Victoiren ausbliwwen.

Zum Favorittekrees zielen och d’Polin Kasia Niewiadoma, d’Gewënnerin vun der Editioun 2024, oder déi jonk Spuenierin Paula Blasi, déi dëst Joer d’Vuelta gewonnen huet.

Nina Berton als eenzeg Lëtzebuerger Cyclistin

Aus Lëtzebuerger Vue gëtt et eng Fuererin op déi een en A hale kann. D’Nina Berton ass 24 Joer al a geet fir déi amerikanesch Ekipp EF Education-Oatly un den Depart. Et ass hir drëtt Participatioun beim Tour vun den Dammen.

Si wäert sech haaptsächlech an den Déngscht vun der Ekipp stellen, mee méiglecherweis ass déi eng oder aner Echappée dran.

Nächste Sonndeg kënnt den Tour de France Femmes dann zu Nice op en Enn.

Lauschterenplay_arrow