No massivem Widderstand

FIFA gëtt ëmstridde Pläng op, UEFA fuerdert Konsequenzen

D'FIFA zitt hir ëmstridde Pläng fir privat Investisseuren zouzeloossen zréck. Dat huet de Verbandspresident Gianni Infantino hënt an engem Communiqué matgedeelt.

auto_stories

1 min

Fussball | © picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto/Dimitri Drofitsch
Fussball (Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto/Dimitri Drofitsch)

De Projet hätt zu Spléckunge gefouert, déi net méi am Interêt vum ursprünglechen Zil géife leien, heescht et. Den Infantino wollt jo en Deel vun de kommerzielle FIFA-Rechter, zum Beispill un der Weltmeeschterschaft, u privat Investisseure verkafen. 

Déi europäesch Fussballunioun UEFA huet iwwerdeems Konsequenze gefuerdert an de FIFA-Präsident op en Neits schaarf kritiséiert. Déi aktuell FIFA-Féierung hätt net nëmmen d'Vertraue vun der UEFA verluer, mee och dat vu ville weidere Memberen aus der Fussballfamill, esou den europäeschen Daachverband.