FIFA

FLF hofft, datt FIFA hir ëmstridde Pläng zeréckzitt an et net zu engem Boykott kënnt

De President vun der Lëtzebuerger Fussballfederatioun Paul Philipp hofft, dass d’FIFA hir ëmstridde Pläng zeréckzitt an et also net zu engem Boykott vun de FIFA-Kompetitioune wäert kommen . Dat huet hien de Moien am 100,7-Interview erkläert.

auto_stories

2 min

De UEFA-President Aleksander Čeferin (l.) mam FIFA-President Gianni Infantino (r.) | © picture alliance / The Press | KAI SCHWOERER
De UEFA-President Aleksander Čeferin (l.) mam FIFA-President Gianni Infantino (r.) (Foto: picture alliance / The Press | KAI SCHWOERER)

Gëschter hat den europäesche Fussballverband UEFA jo matgedeelt, datt een d’Kompetitioune vum Weltverband FIFA wéilt boykottéieren, wann d’Pläng fir Parten un de Kompetitiounen ze verkafe weider gefouert géife ginn.

Elo ass dem FIFA-President Gianni Infantino säi Chefberoder Carlos Cordeiro zeréckgetrueden. Dat huet hien op Linkedin matgedeelt. Hie kéint d’Pläng vum Gianni Infantino net akzeptéieren, esou de Cordeiro. Hie betount, net un de Pläng bedeelegt ze sinn an dës ofzeleenen.

Paul Philipp schwätzt vun emotionalem Treffen

E Boykott wier awer just en Drockmëttel fir den Desaccord vun der UEFA kloer ze maachen, esou de Paul Philipp. Elo géif een hoffen, datt d’FIFA hire Projet zeréckzitt. D’Videokonferenz gëschter vun de 55 Memberverbänn vun der UEFA wier fir den FLF-President eppes ganz spezielles gewiescht.

"Et war souguer fir mech e bëssen emotional, well ech jo och déi meescht kenne vun de Kolleegen an och weess wat hir Positioune sinn, wat hir Problemer och sinn. Dass do éischtens Mol 40 Leit geschwat hunn. Do waren der derbäi, déi hu sech wierklech missten iwwerwannen."

Eleng scho wéinst de verschiddene Sprooche wier dat aussergewéinlech. 

"Ech wëll net ze wäit goen an net, datt mer ufänken hei zesummen ze kräischen an awer war et schonn impressionant an et huet een awer gesinn, datt et nach Leit sinn, deenen de Fussball um Häerz läit."

Och asiateschen Daachverband ass kritesch 

No der UEFA an der CONCACAF huet sech elo och den asiatesche Fussballdaachverband AFC géint der FIFA hir Investitiounspläng gestallt. Et hätt ee seriö Bedenke wat privat Investissementer a FIFA-Competitioune géif ugoen, esou d’AFC an engem Communiqué.

Datt Diskussioune ronderëm e Boykott vu Weltmeeschterschafte géifen opkomme misst jidderengem Suerge maachen, deem d’Zukunft vum Fussball um Häerz leie géif, esou d’AFC nach an hirem Schreiwes.

D’UEFA hat jo domat gedreet déi nächst WMen ze boykottéieren, wann d’FIFA hir Pläng géif duerchsetzen. De FIFA-President Gianni Infantino wollt eigentlech weider um Plang festhalen, a sot d’Medien hätte säi Plang schlecht duergestallt. Dat war awer nach éier d’AFC sech geäussert huet.