Dem FIFA-President Gianni Infantino säi Chefberoder Carlos Cordeiro huet säi Récktrëtt op der Plafform Linkedin matgedeelt. Hie kéint d’Pläng vum Gianni Infantino fir privat Investissementer bei FIFA-Competitiounen zouzeloossen, net akzeptéieren, esou de Cordeiro. Hie betount net un de Pläng bedeelegt ze sinn an dës ofzeleenen.
Pläng vum Infantino hu schonn héich Welle geschloen
D’Nouvelle kënnt nodeems de Moien den asiatesche Fussballdaachverband AFC sech och géint d’Pläng ausgeschwat hat. Dat een Dag nom Nord- a mëttelamerikanesche Verband CONCACAF an der UEFA, déi souguer mat engem Boykott gedreet huet.
Wéi et elo genee mat de Pläng viru geet ass den Ament net ganz kloer. Fest steet awer elo schonn, datt et ënner de FIFA-Membere keng Majoritéit dofir wäert ginn.