Vitesskontrollen

Speedmarathon zu Lëtzebuerg: Schnell gëtt séier deier

Vu gëschter Moie fréi bis owes spéit huet d'Verkéierspolice uechtert dat ganzt Land verstäerkt d'Vitess vun de Gefierer kontrolléiert.

auto_stories

7 min

headphones

4 min

© Pit Beffort play_arrow
(Foto: Pit Beffort)

Zil vun der paneuropäescher Campagne ass et, all Joer d’Leit aus dem Verkéier op d’Gefore vun der Vitess opmierksam ze maachen. 

De Speedmarathon ass kee Spaass fir d'Police

Direkt hanner dem Gréiwelshaff, wann ee vu Bartreng aus kënnt, haten déi zwee Poliziste sech gëschter Moie géint 10 Auer gestallt. Eent vun hinnen ass d’Kim.

Si ass zënter zwee Joer bei der Verkéierspolice an huet gëschter hiren drëtte Speedmarathon matgemaach. Wierklech Spaass géifen d’Vitesskontrollen awer net maachen, erzielt d’Kim. Et wier Deel vum Alldag an déi iewescht Prioritéit wier dobäi d’Verkéierssécherheet. Nawell géif si heiansdo an d’Staune kommen. 

"Ech hunn e klengen Ecran op deem Laser, wéi mir en nennen. Wann elo do eng exzessiv Vitess erauskënnt, dann erféiert ee mol fir d'éischt eng Kéier, wou ee seet: Vreck,ass dat do elo richteg?"

Zesumme mat hirem Aarbechtskolleeg ass d’Kim de ganzen Dag vum Speedmarathon mam Motorrad ënnerwee. Dobäi kéinte si selwer decidéieren, wou si sech opstellen, fir d’Vitesskontrollen ze maachen, erzielt d’Kim.

"Eise Planning maache mir eis am Fong e bësse selwer. Mir kréie gesot, mir sollen an deem Secteur ënnerwee sinn. Wa mir soen, mir fannen do eng gutt Plaz, da stelle mir eis dohin, maachen eis Vitesskontroll an da bleiwe mir eng Zäitchen do stoen."

De Radar hält d'Leit net dovun of ze rennen

Gëschter am spéide Moie war de Choix dobäi op d’N5 tëschent Bartreng an Dippech gefall. Just zwee Kilometer méi wäit steet zënter e puer Joer schonn e fixe Radar. De Laurent Lentz, Direkter vun der nationaler Verkéierspolice, erkläert, wisou et awer Sënn mécht sech hei opzestellen.

"Mir hunn eis ganz bewosst dës Plaz ausgewielt, well et eng laang Streck ass. De Radar ass um Enn vun dëser Streck Richtung Dippech. Mir sinn elo éischter op der Säit vu Bartreng an et ass eis bekannt, datt op dëser Streck vill gerannt gëtt."

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

Mat 141 km/h op der Landstrooss ass een de Fürerschäi lass

Op dem Deel vun der Nationale 5, wou d’Poliziste sech installéiert haten, gëllt eng Vitesslimitatioun vun 90 Kilometer an der Stonn. Wie méi séier ënnerwee ass muss mat enger Strof rechnen. 

"Bis 115 Kilometer an der Stonn sinn 49 Euro ufälleg. Ab 115 Kilometer an der Stonn mussen d'Leit 145 Euro bezuelen an nach zwee Punkten um Fürerschäin niewelaanscht verléieren. Ab 141 Kilometer an der Stonn verléiere si de Fürerschäin direkt op der Plaz."

Gëschter Moien hat et just zéng Minutte gedauert, bis d’Polizisten den éischten Auto wéinst ze héijer Vitess aus dem Verkéier erausgezunn hunn. Am 10 Minutten Takt ass et dann och weidergaangen.

Bannent enger Stonn goufe sechs Leit gepëtzt. Fënnef Mol gouf et eng Strof an Héicht vun 49 Euro. Eng Kéier waren et 145 Euro an zwee Punkten. Dës Beispiller géife weisen, datt de Speedmarathon pertinent ass, mengt den Direkter vun der nationaler Verkéierspolice.

"Et ass leider ganz wichteg, well d'Vitess ass nach ëmmer eng vun den Haaptursaache fir Accidenter hei am Land. Et ass virun allem och ëmmer e Facteur an Accidenter. Et sinn awer nach ëmmer ganz vill Leit, déi sech leider net un déi maximal erlaabte Vitessen halen."

Beim Speedmarathon gëtt net just d'Vitess gekuckt

Och wann et Speedmarathon heescht, géif een net just d’Vitess kontrolléieren. Am Kader vun de Verkéierskontrolle géifen och Leit aus dem Verkéier gezu ginn, wann aner Verstéiss géint de Code de la Route festgestallt ginn, wéi zum Beispill d’Benotze vum Handy um Steier, esou den Direkter vun der nationaler Verkéierspolice.

"Haut ass eebe just e Fokus op d'Vitess an d'Iddi ass am Fong, datt mir éischter preventiv do stinn an och d'Leit sensibiliséieren, mee natierlech, wann et esou wäit ass, da musse mir och sanktionéieren."

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

De Speedmarathon ännert net vill um Alldag vun der Police

Beim Speedmarathon mobiliséiert d’national Verkéierspolice hire ganzen Effectif. 50 Leit sinn de ganzen Dag iwwer am Asaz, fir op esou ville Plaze wéi méiglech esou vill Vitesskontrolle wéi méiglech ze maachen, erkläert de Laurent Lentz. Bei den Asätz u sech géif sech duerch de Speedmarathon awer net vill änneren, erkläert d’Kim.

"Fir d'Verkéierspolice allgemeng ass et u sech net anescht. Mir si jo haaptsächlech just do, fir d'Vitesskontrolle respektiv Verkéierskontrollen ze maachen. Et ass schonn e bëssen eppes anescht, well mir einfach de Point op de Speed leeën."

Fir datt d’Kim an hir Kolleege vun der Verkéierspolice an Zukunft manner dacks mussen agräifen, well d’Leit ze séier ënnerwee sinn, wëllt d’Police och ausserhalb vum Speedmarathon weider op d’Gefore vun der Vitess am Stroosseverkéier opmierksam maachen.

Et dierft een net opginn, dee Message no baussen ze droen, huet den Direkter vun der nationaler Verkéierspolice Laurent Lentz betount.

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

 

Lauschterenplay_arrow