Fluchhafen

1 Milliard fir den Ausbau vum Findel: Ënner anerem ginn Terminale bis 2028 erweidert

De Plang, fir de Fluchhafe Findel auszebauen, ass zäitlech ambitionnéiert: Bis 2028 sollen den Terminal A a B erweidert ginn, an den Haaptterminal soll eng zentraliséiert Sécherheetskontroll kréien, amplaz vun zwou, wéi bis elo. De ganzen Check-in-Prozess soll dann och méi effikass ginn.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© lux-Airport play_arrow
(Foto: lux-Airport)

An enger zweeter Phas gëtt den Terminal A bis 2032 no Osten hin ëm den duebele Volume vergréissert. Dee Moment erwaart ee sech en däitlech bessere Management vum Flux vun de Passagéier.

Ganz ambitiéisen Zäitplang, deen néideg wier

Bis 2050 gëtt sech erwaart, datt d‘Passagéierzuelen um Findel vun elo knapp 5 Milliounen op 10 Millioune klammen. Bis d‘Lëtzebuerger EU-Presidence 2029 soll dann och de Salon d‘honneur komplett erneiert ginn, erkläert de Generaldirekter vu lux-Airport, den Alexander Flassak.

"Das ist ja immernoch in einer temporairen Situation in den alten Cargohallen ist. Die Cargohallen mussen der Flughafenentwicklung entspriechend weichen damit man für den Passagierbereich mehr Kapazitäten entspriechend schaffen kann."

Zënter iwwer 20 Joer wier dat eng Interimsléisung. 

"Aber tatsächlich brauchen wir neue Gebäude für Business Aviation um das tatsächlich state of the art in einer ansprechenden Qualität tatsächlich anbieten zu können mit den entsprechenden Flächenkapazitäten und das gleiche gilt für den Salon d’honneur."

Scho bis Enn 2028 soll eng éischt Phas ofgeschloss ginn. Bis dohi solle souwuel den Terminal A wéi och den Terminal B e Stéck méi grouss ginn, erkläert de Generaldirekter vu Luxairport Alexander Flassak.

"Wir kommen nämlich im Grunde bei all unseren Prozeduren, Sicherheitskontrolle, Check-In, Wartebereich für Passagiere, der Lounge-Bereich, im Grunde bei allem so Langsam an die Kapazitätsgrenzen. Das sieht man vor allem in den Spitzenzeiten morgens."

Als éischt sollen nei Sécherheetszone gebaut ginn, déi de modernste Standarden entspriechen esou den Alexander Flassak weider. Nieft den normale Passagéierterminals soll awer och de Business Aviation Center an de Salon d’Honneur nei gemaach ginn. Dat och am léifsten éier Lëtzebuerg 2029 d’EU-Présidence iwwerhëlt. Bei Luxairport wier ee sech bewosst, dass et e ganz ambitiéisen Zäitplang ass, seet den Alexander Flassak.

"Das sind alles relativ sportliche Angaben mit den Terminzielen, aber wir möchten so schnell wie möglich mit den ersten Realisierungstsufen des Masterplans beginnen."

De Cargo-Beräich soll och optimal opgestallt sinn

D’DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes huet hirersäits ënnerstrach wéi wichteg et wier, dass ee lo e Konzept hätt wéi et um Findel an de nächste Jore soll weider goen.

"Wat mer gären hätten ass e Flughafen, deen effizient ass, deen och gutt ugebonnen ass fir eis Fluchgesellschaften, mee fir d'Passagéierinnen a fir d'Passagéier, mee awer och fir de Cargo-Beräich optimal opgestallt ass. Dat Konzept hu mer elo."

Och e militäreschen Deel ass geplangt

Geplangt si weider en neien Hybrid-Tower, nei Cargohalen an eng Erweiderung vun de Kerosinstanken. Donieft soll och e militäreschen Deel nieft der Pist entstoen.

Bis 2032 sollen insgesamt 1 Milliard Euro investéiert ginn fir de Findel auszebauen. 200 Milliounen dovun investéiert de Staat.

Lauschterenplay_arrow