Energie

Lëtzebuerg hätt fir zwee Deeg Kerosin-Reserven um Findel

Am Moment hätt Lëtzebuerg fir zwee Deeg Sprit-Reserven um Findel. Dat äntwert d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro. D‘Lager um Findel ass fir maximal 3 Deeg Autonomie geduecht.

auto_stories

1 min

© Simon Hoffmann
(Foto: Simon Hoffmann)

Rezent hätt d‘Regierung e Koordinatiounsgrupp an d‘Liewe geruff, deen de Suivi vun der aktueller Situatioun mécht, esou anch d'Yuriko Backes.Lëtzebuerg kritt de Kerosin haaptsächlech aus der Belsch, Frankräich an Holland geliwwert.

Lufthansa hält éischt Fligeren zeréck

Als Reaktioun op déi héich Kerosinkäschten an d‘Streikaktiounen, huet d‘Lufthansa elo éischt Fligere aus dem Verkéier gezunn. vun e Samschdeg u sollen alleguer déi 27 Fligere vun der regionaler Duechtergesellschaft Cityline um Buedem bleiwen. Dat huet déi däitsch Fluchgesellschaft zu Frankfurt matgedeelt. 

Allgemeng gi sech bei den europäeschen Airlinë Suergen ëm méiglech Engpäss beim Kerosin gemaach, wann d‘Mieresstrooss vun Hormus nach méi laang blockéiert bleift.