Am Ganzen huet d‘Police wärend 24 Stonnen 288 Vitesskontrollen am ganze Land gemaach. Zousätzlech dozou hunn déi mobil Radaren och nach iwwer 2.230 Mol geblëtzt, well Chaufferen ze séier ënnerwee waren. Och déi fix Radare ware ganz aktiv. Déi hunn nach iwwer 400 Mol geblëtzt.
Police
Beim Speedmarathon goufe 5 Permisen agezunn an 300 Protokoller verdeelt
Am Kader vum Speedmarathon gëschter, huet d‘Police 300 Protokoller ausgedeelt a 5 Führerschäiner op der Plaz wéinst exzessiver Vitess agezunn. Dat ass de Bilan, deen d‘Police haut gezunn huet.
auto_stories
1 min
(Foto: Pit Beffort)