Frankräisch

Schülerprotester mat Honnertdausende Manifestanten: Macron rifft Krisesëtzung an

No de landeswäite Schülerprotester gëschter a Frankräich hat de President Emmanuel Macron gëschter Owend eng Krisesëtzung mat e puer Ministeren aberuff. Dorënner de Premier Sébastien Lecornu an den Educatiounsminister Edouard Geffray. Nei Annoncë goufen et no där Sëtzung net.

auto_stories

2 min

Emmanuel Macron | © picture alliance/dpa | Ansgar Haase
Emmanuel Macron (Foto: picture alliance/dpa | Ansgar Haase)

Nom nationalen Dag vun de Schülerprotester confirméieren déi zoustänneg Ministeren, datt den Unterrecht an de franséische Lycéeë vun haut bis e Freideg zum Deel suspendéiert gëtt. An där Zäit sollen d‘Schoulen den Dialog mat de Schüler:innen organiséieren.

Och Politiker an de Cortègen dobäi

Un de grousse Protester gëschter sollen tëschent enger Véirels-, respektiv bal enger hallwer Millioun Mënschen deelgeholl hunn. D'Zuele vun den Organisateuren an déi vun den Autoritéite ginn deels wäit auserneen. 

Bei de Manifestatioune ware Lycéesschüler, Studenten, Gewerkschaftler, Proffen an Eltere vertreuden. Am Virfeld vun de Presidentschaftswalen d'nächst Joer waren och vill Politiker an de Cortègen dobäi, besonnesch zu Paräis. 

"Véierten Akt" vun de Protester 

Domat war et awer net gedoen: Muer sollen d'Demonstratioune fir méi Moyene fir Educatioun weider goen. Muer wier de "véierten Akt“ vun de Protester, wéi d'Gewerkschafts-Unioun vun de Lycéeën an d‘Unioun vun de Studente matdeelt. 

Vereenzelt sollen och haut nees Lycéeën an Universitéite blockéiert ginn, mellt France Info. Iwwerdeems kënnt e Grupp vu Gewerkschaften haut zesummen, fir iwwer weider méiglech Aktiounen ze diskutéieren.