Frankräich

"Drëtten Akt" vun de Schülerprotester mat grousser Manifestation zu Paräis

D‘Schülerprotester a Frankräich ginn haut viru mat engem nationalen a landeswäiten Aktiounsdag. D‘Schüler-Organisatioune schwätze vum "Drëtten Akt" vun de Protester, déi Mëtt September ugefaangen hunn. Schonn iwwer 215 Schüler:inne wieren zënter hier blesséiert ginn.

auto_stories

2 min

Zu Paräis ass de Mëtteg eng Demonstratioun op der Place de la République. Elleng am Groussraum Paräis sollen haut 200 Lycéeën zou bleiwen. D‘Schüler an d'Schülerinne fuerdere méi Léierpersonal a méi Investissementer an d‘Educatioun.

Zënter dem Ufank vun de Protester virun eppes méi wéi enger Woch goufen dem Justizministère no ronn 5.000 Demonstrante festgeholl. Bal 90 Prozent dovun si Mannerjäreger.

Mënscherechtsliga kritiséiert Gewalt 

D‘Protester, déi deelweis a Gewalt ëmgeschloe sinn, gi vu grousse Policeasätz begleet. D'Mënscherechtsliga huet déi deels ganz uerg Ausernanersetzungen verurteelt. 

Ee 15 Joer ale Schüler krut gëschter seng Hand ewechgerappt, wéi hien eng Granat opgehuewen huet, déi d'Police gehäit hat. Hien wollt se zeréck op d'Police schéissen, wéi se a senger Hand explodéiert ass, esou eng Policegewerkschaft. 

Schülerprotester am Joer 2006 

Virun 20 Joer ware schonn dausende Schüler:innen a Frankräich op d'Strooss gaangen. Dat wéinst engem ëmstriddenen "éischten Aarbechtskontrakt", dem sougenannte Contrat première embauche (CPE).

De Kontrakt war fir jonk Erwuessener ënner 26 Joer geduecht. Haaptkritikpunkt vun de Schüler a Studenten deemools: De Patron hat d'Recht Jonker an dësem Kontrakt ouni Grond ze entloossen. De Projet war vum Dominique de Villepin, deemools Premier Minister a Frankräich, initiéiert ginn.

Manifestatioun zu Paräis 2006 | ©  EPA/OLIVER WEIKEN
Manifestatioun zu Paräis 2006 (Foto: EPA/OLIVER WEIKEN)

D‘Schülerprotester waren och 2006 deels a Gewalt ëmgeschloen, virop an de Paräisser Banlieuen. Iwwer 4.300 Lycéeën a ganz Frankräich wieren deemools zou bliwwen. Dat heescht ee Véirel vun all de Schoulen am Land. Dës Zuelen hat déi franséisch Lycées-Federatioun FIDL kommunizéiert. 

Wéi déi franséisch Zeitung Le Monde schreift, hätt de franséische President Jacques Chirac sengem Premier Minister geroden, de CPE falen ze loossen, wat dunn och geschitt ass. 

Zweet Well vu Protester virun 20 Joer

Am selwechte Joer waren och massiv Protest vun de Lycéesschüler, géint de Retour vu dausende Matschüler:innen ouni Pabeieren, ausgebrach. De Nicolas Sarkozy, deen 2007 President ginn ass, huet dëse Projet spéider fale gelooss.